Milly Weyland- Huberty huet hiere 85. Gebuertsdag gefeiert


Réiden/Atert: Zënter Dezember 2023 verbrëngt Milly Weyland- Huberty hiren Liewensowend, am Home pour personnes agées zu Réiden. Bei gudder Gesondheet an och sëcherlich zefridden konnt d’Milly Huberty viru kuurzem den 85. Gebuertsdag och am Altersheem feieren. D’Jubilarin koum den 4. Abrël 1939 als dat jëngst vun zwee Kanner aus dem Bestiednis vum Pierre Huberty an Anny Fassbinder zu Réiden op d’Welt. D’Hochzäit mam Marcel Weyland vun Osper, den op der Schmelz zu Déifferdéng geschafft huet, war am Dezember 1956. Mat hiren zwee Meedercher an hiren zwéin Jongen hun si zesummen zu Réiden gewunnt. Ganz Stolz ass d’Milly Weyland- Huberty haut och op hir zwee Enkelkanner. Leider ass hire Mann Marcel am Februar 2002 gestuerwen. Wéi dat zur schéiner Traditioun gehéiert ass den 85. Gebuertsdag och gebührend gefeiert gin. Am Kader vun enger Feierstonn war et um Home- Direkter Dany Oestreicher als Alleréischten, fir dem Gebuertsdagskand am Numm vun der Direktioun an dem ganzen Personal di allerbäscht Gléckwënsch mat der Iwerreechung vun enger Coupe, gefëllt mat schéine Blummen, ze iwerbrëngen. Och de Buergermeeschter Heng Gerekens mat de Vertrieder vum Schëffen- a Gemengerot waren mat Blummen present, fir der Jubilarin am Numm vun der Gemeng Réiden ze gratuléieren a weiderhin vill Freed bei gudder Gesondheet op dem weideren Liewenswee ze wënschen. Ganz besonnesch ass dobäi op dat fräiwëllegt Engagement vum Milly Weyland higewisse gin, wou si méi wi 25 Joer am Ambulanzdingst bei der demoliger Protection civile an och laange Joeren am Komitee vun de Réidener Fraen a Mammen ganz aktiv war. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin, an op den 85. Gebuertsdag vum Milly Weyland- Huberty geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)