Réidener Wanterlaf- 207.500 Euro zanter 2007 gespend


Réiden/Atert: Zënter hirer Grënnung am Joer 2007, organiséiert d’Vereenegung ouni Gewënnzweck, „Réidener Wanterlaf“ all Joer Ufanks Januar den traditionellen Wanterlaf an der Kantonalhauptortschaft, Réiden/Atert. Agaangs vun der gut besichter an zugläich 16. Generalversammlung huet de President Raymond Remakel betount, dat et och no enger Zwangspaus nit einfach war, dest d’Joer nees een Wanterlaf ze organiséieren. Erfreelich war et awer och duerno ganz vill Leit erëm ze gesin. Niewt senge Mercien un d‘Gemeng, dem ALR a Sponsoren, dene ville Leefer a Walker, fräiwëllegen Hëllefer an dem Comité war dest Event e groussen Erfolleg. Och mat enger Neiorientéierung vum Verdeelerschlëssel vun de Schecken, huet de Comité sech Gedanke gemeet an décidéiert méi kleng Vereenegungen an Zukunft ze ënnerstëtzen.


Aus dem Aktivitéitsbericht vum Claude Conrardy war ze bemiereken, dat niewt enger ganzer Reih vun internen Veranstaltungen de Comité och sechs Mol zesumme komm ass.

De Finanzbericht vum Fernand Thill huet ergin, dat d’Geschäftsjoer 2022 trotz Ausgaben vun ëmmerhin 23.858 Euro mat engem minimem Boni konnt ofgeschloss gin. Dobéi gouf vermirkt, dat de Réidener Wanterlaf a.s. b.l zënter dem Joer 2007 di stolz Zomm vun 207. 500 Euro fir gudd Zwecker gespend huet. Béid Keesereviroren, Louis Bokkon an Romain Sassel huet di perfekt Buchführung och bestätigt.


A senger Laudatio huet de Buergermeschter Henri Gerekens di perfekt Führung vun der lokaler Vereenegung geluewt, déi nieft der Organisatioun vum Wanterlaf an der Gemeng sech engagéieren fir déi, finanziell ze ënnerstëtzen, déi wirklich u Spenden ugewisse sin. Dat zollt Respekt an Unerkënnung fir de schéine Geste, wou d’Gemeng Réiden och ganz houfrig drop ka sin.

Zum Schluss vun der Versammlung war traditiounsgeméiss eng véier- Fach Scheckiwerrreechung am Gesamtwert vun ëmmerhin 14.030 Euro, déi en Deel vun de Recetten vum Wanterlaf 2023 duerstellen. E Scheck vun 8 015 Euro konnten de Claude Weber, d’Sylvia Kieffer an d‘Jeanne Zuidberg entgéint huelen, déi, der Vereenegung „Trisomie 21“ zugut kommen. E weidere Scheck vun 2 500 Euro, den fir „Protransplant“ bestëmmt ass, duefir huet de Fernand Kneip sech gefreet. D‘ Nicole Backes a Vertriedung vun der Associatioun“ Blëtz“ huet fir de Scheck vun 2 500 Euro, Merci gesoot. Weider 1 015 Euro waren am Virfeld schon fir „Télévie“ iwerwisse gin. Nodeems dat sämtlich Scheckempfänger hir Vereenegungen mat hiren respektiven Aktivitéiten a Projeten, verbonnen mat engem grousse Merci virgestallt hun, huet dess Versammlung hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)