Liewege Kreativmaart / Street Festival

12
juil.
12 juil.

„Liewege Kreativmaart“ – Deen eenzege Maart vu senger Aart am Préizerdaul

Den „Dauler Atelier asbl“ organiséiert den 12. Juli 2026 zesumme mat den „Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl“ a mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Préizerdaul fir déi véierte Kéier de „Liewegen Kreativmaart“ zu Reimberg.

Vun 11 bis 18 Auer weisen iwwer 50 Aussteller net nëmmen hir Konscht, mee si schaffen de ganzen Dag iwwer aktiv op der Plaz fir de Visiteuren hiert Hobby méi no ze bréngen.

Villfälteg Atelieren – fir Grouss a Kleng – ginn de ganzen Dag iwwer ugebueden.

Zousätzlech gëtt et op dësem Street Festival Live-Musek op dräi Bünen ugebueden.

Dëse Maart fir Familljen, Hobbykënschtler, Konscht- a Naturfrënn fënnt zu Reimberg statt. Fir d’Iessen an d’Drénke suergen déi lokal Veräiner.

Detailer op : http://hobbykl.lu/kreativmaart.php