3. Liewege Kreativmaart zu Rëmmerig 20.07.2025
28
Galerie d'images
Faites défiler la page vers le bas pour voir plus d'images.
Am Kader vum Streetfestival “Art meets Music” war den 20.Juli zu Rëmmerig an der Gemeng Préizerdaul den 3. “Liewege Kreativmaart” . Op 3 Bünen ass nonstop Livemusek ugebede ginn a Membere vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl hunn hir Wierker vun 11 Auer bis 18 Auer präsentéiert. Och dëst Joer hunn si de ville Visiteuren hir Hobbië méi no bruecht a stoungen Ried an Äntwert. Hei Fotoen vun de Kënschtler bei der Aarbecht. Et goufen och verschidde Workshops fir Erwuessener a Kanner ugebueden an déi waren alleguer gutt besicht. Fir weider Detailer an Informatiounen iwwer Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl kuckt w.e.g. op der Websäit. www. hobbykl.lu
(Fotoen Ch. Reiser)