En Dënschdeg de Nomëtteg wor et souweit.
D'Kanner konnten den Wënzer, de Wangert an de Waikeller kenneleieren.
Op den Kannerworkshop "D'Arbecht vum Wënzer...." hat den Centre Mosellan vun Einen an Zesummenarbecht mat der Entente Touristique inviteiert.
Den Rendez-vous wor am Domaine Sunnen-Hoffmann zu Riemeschen.
Wou kennt den Wain an den Drauwejus hier? Dest an nach vill aner Froen goufen fachgerecht vum Wënzer Yves Sunnen a senger Schwester Corinne Kox-Sunnen beäntwert.
Am Laf vum Nometteg gouf dun den Kanner d'Arbecht vum Wënzer am Wangert a Waikeller mei nobruecht. Uschléissend gouf alles wat "geléiert" gouf an engem Workshop widderhol. Als Geschenk huet all Kand eng Fläsch "Drauwejus" mat Heem kritt.