Réimech. Den 13. Oktober gouf um Centre Visit zu Réimech a Presenz vum Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles déi drëtt Photovoltaikanlag vun der Energiekooperativ Kanton Réimech (EKR) offiziell ageweit.
De President vun der EKR, Mike Molling, huet nieft dem Minister och de Réimecher Buergermeeschter Jacques Sitz, Vertrieder aus den Nopeschgemengen, staatleche Verwaltungen an eng Rei Membere vun der Kooperativ begréisst.
D'EKR gouf de 7. November 2022 vun aacht engagéierte Bierger gegrënnt, mam Zil, d'Energietransitioun an der Regioun aktiv a gemeinschaftlech matzegestalten. No deenen zwou éischten Anlagen um Boulodrome an op der Grondschoul zu Munneref ass d'Anlag um Centre Visit schonn den drëtte realiséierte Projet.
Déi nei Anlag besteet aus 65 Solarpannoe mat enger Gesamtleeschtung vu ronn 30 kWp. Si produzéiert viraussiichtlech ongeféier 30.000 kWh Stroum pro Joer, wat dem järleche Verbrauch vu siwe bis aacht Eefamilljenhaiser entsprécht. Duerch d'Notzung vun enger bestoender Daachfläch muss keng zousätzlech Fläch versigelt ginn.
De President huet der Gemeng Réimech fir d'gratis Bereetstellung vum Daach an déi gutt Zesummenaarbecht Merci gesot. E weidere Merci goung un d'Firma FABROS, Creos, LEADER Miselerland, d'Membere vun der Kooperativ an de Verwaltungsrot fir hire benevollen Asaz.
A senger Usprooch huet de Minister Lex Delles d'Bedeitung vun den Energiekooperativen ervirgehuewen an ënnerstrach, datt esou Initiativen e wichtege Bäitrag zur Energietransitioun leeschten. Och de Buergermeeschter Jacques Sitz huet déi gutt Partnerschaft tëscht der Gemeng an der EKR gelueft.
D'EKR wëll och an Zukunft weider Photovoltaikprojete realiséieren an nach méi Bierger motivéieren, sech aktiv un enger regionaler an nohalteger Energieversuergung ze bedeelegen.