Konveniat vun der 7e Oberprimärschoul

Réimech. Viru Kuerzem hu sech 19 fréier Klassekomeroden vun der 7e vum Schouljoer 1965-66 fir zweet no 1980 getraff, an dat mat hiren nach ganz rüstegen Schoulmeeschteren, den Hären Emile Zeches a Roger Ecker.


Empfangen goufe si op der Gemeng vun der Madame Rita Wallerich, Scheffin zu Réimech. Beim Éierewäin goufen en etlech Schnooken serwéiert, a flott Erënnerungen vun deemols opgefrëscht.


An engem Restaurant zu Stadbriédemes bei engem gudde Maufel mat Miselerwéngchen ass de Konveniat an enger flotter Atmosphär zu Enn gaangen


Justin Gloden



Plus de nouvelles de Justin Gloden >