vom 24. Abrëll bis den 10. Mee honn net grad 300 interesséiert Leit d'Ausstellung: "Dat doten ass nach eent vom Simchen" zu Randschelt an der Scheier besicht. Och eng Enkelin vom Simchen war komm an hott sech driwwer gefreet, dass de Grousspapp nach net ganz an de Vergiess geroden ass. Anerer woussten hir Erënnerungen ze zielen a märr honn e Kräiz gewise kritt, wat bis viron kuerzer Zäit zu Noutem am Haus "a Meesch" op der Scheierdenn louch. Von haut on a nach bis den 18. Mee, sënn dem Nic. SIMON seng Konschtwierker zu Bënzelt am Musee ze gesinn. Häerzlech wëllkomm zu Bënzelt.