Haupeschmass vun de Réidener Juegdbléiser am Museé Thillenvogtei

Randschelt: Zënter 1990 ass et di schéin Traditioun vun de Réidener Juegdbléiser, vir d’Haupeschmass all Joer an engem aneren Eck vum Kanton Réiden ofzehalen. An engem romantische Kader mat schéiner Juegddekoratioun, gouf de Gottesdéngst dest Joer an der Scheier vum Musée Thillenvogtei bei vollem Haus zu Randschelt zelebréiert. Passenderweis hun di Réidener Juegdbléiser ënnert der Leedung vum Marc Pletgen fir d’Verschéinerung vun deser Haupeschmass gesuergt. A senger Predigt huet den Abbé Vincent Billot un den hëllegen Hubertus, Schutzpatréiner vun de Jeeër erënnert, den ëmt d’Joer 655 zu Toulouse gebuer gouf an den 30. Mee zu Tervuren verstuerwen ass. Sein spezielle Merci huet hien de Réidener Juegdbléiser gesoot fir di schéin Traditioun, d‘Haupeschmass all Joers op en Neis mat hiren klangvollen Instrumenter ze verschéineren. Och de President Guy Schank huet zum Schluss vun der Massfeier alle Bedeeligten séin Merci ausgedrëckt, déi zur Gestaltung vun deser 33. Haupeschmass am Kanton Réiden beigedroen hun. Mat engem vun de Juegdhornbléiser offréiertem Concert mat Juegdmusek an engem Glas Glühwäin huet dess schéi Feier zu Randschelt hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)