Di ronn Gebuertsdeeg am Cipa- Blannenheem sin gefeiert gin

Rollingen/Miersch: Wann am Blannenheem zu Rolleng di ronn Gebuertsdeeg vun den Matbewunner gefeiert gin, ass ëmmer vill Freed am Haus. Esou och viru kuuzem , wou nit manner ewéi 18 Pensionnären di bäschte Gléckwënsch vun der Madame Carole Theisen, Direktorin vum Cipa- Blannenheem fir hire ronne Gebuertsdag iwerbruecht gin sin. Natirlich huet e klenge Kado als Unerkënnung zesummen mat engem gudde Glas Crémant bei deser schéiner Feier nit gefeelt. Och vun der Gemeng Miersch aus, huet de Schëffen Heng Krier gratuléiert an ass och op die verchidden grouss Projeten agaangen , déi an der Zukunft an der Gemeng Miersch um Programm stinn. Nom Opschneiden vum groussen Gebuertsdagskuch an enger Taass Kaffi huet den Entertainer Michel mat flotter Musik fir bëscht Stëmmung am Sall gesuergt. Geéiert goufen: Ottelé- Maquil Suzette, Klosen Marianne, Schoellen- Probst Jeanne an Meyrath Ernest (80 Joer ). Matgen Henri, Beck- Majerus Liette an Stalter Marcel (85). Van Der Weken Roger, Zenner Joseph, Di Bernardo Lodovico, Kass Joseph a Ries-Kohl Marie (90). Beelener- Franck Marguerite, Junker- Majerus Catherine, Weyland Antoine Lucien, Biren- Schlesser Albertine, Rischard- Nilles Marie (95). Grad wéi och d‘Madame Toisul- Lamesch Elise, déi fir hir 102 Joer mat engem kräfigen Happy Birthday geéiert gin ass. (CR) (Foto: Charles Reiser)