C.A.S.R. – Ciné-Vidéo Amateurs Septfontaines-Rollingergrund
Méindeg, den 8. Dezember 2014 huet sech den 55. Rees- a Vakanzfilmconcours ënnert dem Numm « Coupe Pierre Felten » an eisem Clubsall am Centre de Sociétés Jean-François Boch (Al Schoul) am Rollengergronn ofgespillt. 47 Zuschauer hunn sech 10 intressant Filmer ugekuckt. Iessen an Drénken gouf et och. Souguer Boxemännercher sinn un d’Leit ausgedeelt ginn. Zum Schluss huet d’Jury esou decidéiert : 1. Präis : « A Natural Paradise » vum Wolfgang Lange - 2. Präis : « Sète dans tous ses états » vum Léon Weis - 3. Präis : « Vernon » vum Roger Meylender - Präis vum beschten Toun : « Sète dans tous ses états » vum Léon Weis - Präis vum beschte Schnëtt : « Laos » vum Yolande Damé. Op der Foto : v.l.n.r. : Gewënner Léon Weis, Yolande Damé, Wolfgang Lange, Roger Meylender, an aner Participante vum Concours a Membere vun der Jury. Mir freeën eis op dee nächste Concours am Mäerz 2014 (Coupe P. Hary).