Gemeng Sëll ënnerstëtzt "ONGD- Guiden a Scouten fir Eng Welt"

Scheck vun 2 500 Fir de Senegal iwergin

Sëll: Sou wi de Buergermeeschter Gérard Zoller am Ufank vun enger Gemengerôtssitzung erklärt huet, ass d’Gemeng Sëll gewëllt, all Joer eng gewëssen Zomm fir de gudden Zweck ze spenden. Fir dest Joer war déicidéiert gin, fir „d’ONG Guiden a Scouten fir ENG Welt“ finanziell ze ënnerstëtzen. Mat engem oprichtigen MERCI konnten Mady Abens an de Sven Clement de Scheck vun 2 500 euro och gären entgéint huelen. An enger detailléirerter Power Point Projektioun hun si der Gemeng Sëll die vill Projeten zënter dem Joer 1987 ONGD Organisatioun zu Lëtzebuerg och virgestallt, déi sech mat hire Partner am Senegal, Niger, Bolivien an dem Cape Verde besonnesch asetzt. Dess Spend gëtt virun Allem agesaat, fir Projeten am Beräich vun der Educatioun am Senegal ze ënnerstëtzen. (CR) (Foto: Charles Reiser)