Sandweiler : Konveniat vum Joergang 1958

Viru kuerzem hu sech d’Schoulkomerodinnen a - komeroden vum Joergang 1958, déi zu Sandweiler an d’Primärschoul gaange sinn, zu hirem 6. Konveniat getraff. No engem beweeglechen Nomëtteg an der Stad, zu Fouss, mam Zuch, Bus, Lift, Funiculaire an Tram hu si bei engem gudden Nuechtiessen am Restaurant « Delicious » zu Sandweiler nach e puer gemittlech Stonnen zesumme verbruecht. Organiséiert gouf de Konveniat vum Josée Majerus, Claudine Franck, Paul Ruppert a Norry Schleck.

Plus de nouvelles de Norbert Schleck >