Am Kader vun de Journées européennes du patrimoine huet deen am Mee gegrënnte Veräin „Kultur a Patrimoine Konsdref (KuPa)“ vergaangenen Donneschdeg, de 25.09. 2025, en Informatiounsowend zum Thema Hausnimm organiséiert.
No der Begréissung duerch de President vum Veräin, André Kirsch, huet d’Tanja Konsbrück, a Vertriedung vum Här Patrick Dondelinger vum Kulturministère, an d’Thema agefouert. Si ass op d’Bedeitung vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg (Iki) agaangen: D’Leit halen hiert Ierwen um Liewen an hiert Ierwen dréit zu hirem Liewe bäi – ëmmer erëm op en Neits.
Donieft gouf am Iki-Clip „Hausnimm“ gewisen an erkläert, wéi dës Forme vu Kultur, dorënner och d’Hausnimm, kënne preservéiert a vermëttelt ginn.
„Hausnimm sinn net nëmmen eng sproochlech oder historesch Kuriositéit, mee droen dozou bäi, datt eng Gemeng hir eegestänneg Identitéit behält“, huet Tanja Konsbrück ënnerstrach.
Am weidere Verlaf gouf op d’Initiativ vun de Hausnimmplacketten an der Gemeng Konsdref higewisen - eng Initiativ vun der Kulturkommissioun aus der Gemeng. Hausnimmplacketten solle fir méi Visibilitéit suergen an d’traditionell Bezeechnunge vun de Gebaier an Haiser nees an den Alldag zeréckbréngen. Haiser mat engem Hausnumm kennen nach bis den 31.10.2025 eng Hausnummplackette ufroen – dëst mam Formular deen am aktuelle Gemengebuet ze fannen ass oder deen ee bei der Kulturkommissioun vun der Gemeng Konsdref ufroe kann (kulturkommissioun.consdorf@hotmail.com).
Uschléissend huet André Kirsch e méi detailléierten Abléck an d’Geschicht vun den Hausnimm mat Beispiller vun Nimm aus der Konsdrefer Gemeng ginn.
„Mat dëser Aktioun wëlle mir net nëmmen al Nimm dokumentéieren, mee och e Stéck kollektive Gediechtnes erhalen“, esou de President vu KuPa Konsdref.
De Programm ass mat engem gemittleche Beienaner ofgeschloss ginn – ee grousse Merci un eisem Sponsor vun der Echternacher Brauerei fir de Béier. Bei engem Pättchen an engem Maufel, virbereet vun den Damen aus dem Kommitee, haten d’Gäscht nach Méiglechkeeten, sech auszetauschen an Erënnerungen ze deelen.
Mat dësem Owend huet de Veräin KuPa Konsdref en éischte kulturellen Accent gesat an op d’Wichtegkeet vun de Hausnimm als Deel vum lokalen Ierwe verwisen.
https://www.facebook.com/KuPaKonsdref
kupakonsdref@gmail.com
#konsdref #créispent #scheedgen #wuelper #marscherwald #kolwent #präitler
#IKI #immaterielltkulturiewenlëtzebuerg