De schéinsten Hunn gouf gewielt - Den Alain Frantz vun Dikkrech huet gewonn

Bei der Hunnefeier Mëtt Oktober zu Schengen haten d'Organisatoren, den Syndicat d'Initiative Schengen an enger Zesummenarbecht mat dem "Cercle Avicole" vun Munnëref och eng Ausstellung mat Hunnen organiséiert.

600 Leit haten beim Spill: "Wielt de schéinsten Hunn" matgemach an kiirzlech konnt dem Glëckleche Gewënner, dem Alain Frantz, vun Dikkrech, sein Preis iwerreecht gin.

De Vize-Präsident vum SI Schengen, Marc Schoentgen, konnt nierft villen Comités-Memberen vum SI och den Robi Beissel vum "Cercle Avicole" begreissen.

Duerno gouf dem gleckleche Gewenner sein Preis - een Hunn - e Konschtwierk vun dem Jean Bichel vun den "Staater Schmatten" iwerrecht.