Néng nei Musekanten an de Reie vun der Schierener Musek

De Samsdeg, 23. November 2019 huet d’Schierener Musek hir 73. Generalversammlung ofgehalen.


A senger Begréissungsried huet de Präsident Marc Nickels op eng zefriddestellend Saison 2018/2019 zréckgebléckt am Laf vun der d’Unzuel u Musekanten weiderhi gewuess ass a besonneg d’Fuesparty op Fuesfreideg no engem neie Konzept am Joer 2019 e vollen Erfolleg war. Och onzefriddestellend Punkten ewéi den „RBE“ - de Registre des Bénéficiaires Effectifs – huet de Präsident ugeschwat. D’Obligatioun sech als Association sans but lucratif an deem Regëster mussen anzedroen huet de Membere vum Comité vill Kappzerbrieches bereed.


D’Sekretärin Carmen Nickels huet e gutt gefëllten Aktivitéitsbericht virgedroen an e klengen Ausbléck op déi nei Saison geworf, déi schonn den 30. November 2019 mat engem Concert zu Wëntger weidergeet. Fir déi Schierener Leit ass dat éischt gréissert Event 2020 traditionnell de Galaconcert um drëtte Sonndeg am Januar.


No engem Iwwerbléck iwwert déi finanziell Situatioun vum Veräin mam Keessjee Pierre Schmit, goung et weider mat enger Kaddosiwwerreeschung un déi fläissegst Musekanten : d’Martine Nickels, de Jean-Paul Feinen an de Carlo Thill, déi iwwert d’Saison gekuckt vun insgesamt 56 musekaleschen Aktivitéiten, Prouwen oder Sortie’en, allen dräi jeeweils bei 53 Aktivitéiten mat dobäi waren, krute mat engem klenge Geste fir hiren Engagement Merci gesot.


Fir hir laang Memberschaft an der Schierener Musek goufen net manner wéi 15 Musekanten/Memberen vum Vetrieder vun der UGDA, dem Jean Schammo, ausgezeechent : fir 5 Joer Aktivitéit : Leo Kayser, Chiara Wolter ; fir 10 Joer : Jil Garson, Nico Lagoda, Linda Nickels ; fir 20 Joer : Jennifer André-Pauwels, Claire Forestieri-Denamur ; fir 30 Joer : Nadine Beckers-Nickels, Myriam Schmit-Groben, Raymond Storn, Carole Wolter-Kayser ; fir 40 Joer : Jules Wagener ; fir 50 Joer : Frank Meyer, Georges Thill ; fir 70 Joer : Alfred Kayser.


De Comité setzt sech weiderhinn aus folgende Memberen zesummen : Gusty Feinen, Christophe Heck, Joe Kayser, Nico Lagoda, Serge Malget, Nicole Mersch, Carmen Nickels, Guy Nickels, Marc Nickels, Jerry Schlentz, Pierre Schmit, Marguy Spaus-Degrand, Carlo Thill, Jules Wagener.


Am Uschloss un d’Generalversammlung huet d’Musek hir Memberen an Invité’en op e gemeinsamt Owesiessen am Alen Atelier agelueden während deem d’Saison 2018/2019 nach eng Kéier a Bild an Toun Revue passéiert gouf an de Memberen hir bescht Momenter vum Joer op Foto- a Videomaterial gewise gouf, dëst ënnert der Regie vum Gusty Feinen a Jerry Schlentz.


Text: Christophe Heck

Foto: Jerry Schlentz