1. Mee-Virfeier

Wéi all Joer huet d’Amicale Schëfflenger Schmelzaarbechter Asbl och dësen 28. Abrëll op hir 1. Mee-Virfeier invitéiert.


Beim Gedenksteen an der “Cité um Benn“ si Blummen néiergeluecht ginn an an hiren Usproochen hunn den Här Carlo Feiereisen (Buergermeeschter), den Här Alain Guenther (Schmelzaarbechter Musée) an den Här Alain Rolling (OGBL) den Aarbechter geduecht ouni därer Fläiss a Schweess eist Land net dat wär wat et ass.


Dofir huet all eenzele Schmelzaarbechter eisen déifste Respekt verdéngt.