Aktivitéiten am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch

Den 20. September hunn zu Schëffleng, fir Kleng a Grouss, Aktivitéiten am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch stattfonnt. Trotz der intensiver Hëtzt hu sech vill Familljen afonnt fir un de verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen. Déi Kleng konnte sech um Bobby-Car-Parcours austoben, wou si op spilleresch Aart a Weis geléiert hunn, wéi ëffentlech Plazen och fir Mobilitéit genotzt kënne ginn, wa se net als Parkplaz déngen. Gläichzäiteg huet d’Jugendhaus zesumme mat de Kanner kreativ Signalisatiounsschëlder mat Kräid gemoolt an hinnen dës erkläert – eng flott Kombinatioun vu Léieren a Spaass.


Fir déi Grouss war de Mobilitéits-Quiz eng spannend Erausfuerderung. Hei konnten d’Participant·inn·en hiert Wëssen iwwert d’Mobilitéit ënner Beweis stellen an haten d’Chance, e fonkelneie Vëlo ze gewannen. Am neie Parkhaus huet de Vëlosclub LP07 Schëffleng e Parcours ugebueden, wou jidderee mat sengem eegene Vëlo konnt matmaachen. Dës Aktivitéit war net nëmmen eng sportlech Erausfuerderung, mee och eng Geleeënheet fir den neie Parking ze entdecken.


Fir de klengen Duuscht huet d’Gemeng mat Waasser a Fairtrade Orangëjus och fir Erfrëschung gesuergt a fir de klengen Honger konnt all Participant·in sech ee gudden Apel schmaache loossen.


D’Gemeng Schëffleng huet mat dësem Event nach eng Kéier hiert Engagement fir eng nohalteg Mobilitéit ënnerstrach. Mat Ziler wéi manner fossil ugedriwwe Faarten an engem méi héijen Undeel vu Kanner, déi zu Fouss an d’Schoul ginn, wëll Schëffleng aktiv un enger méi ëmweltfrëndlecher Zukunft fir jidderee schaffen.


E grousse Merci geet un d’Ëmweltkommissioun fir hiren Engagement beim Parkhaus a wärend der ganzer Mobilitéitswoch.