Cérémonie de la grève générale du 31 août 1942

Den 31. August 2025 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng op den 83. Gebuertsdag vun der Streikgedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Presenz vum Minister Mischo, ancien Buergermeeschter vun der Staat Esch, Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie « De Schmelzaarbechter » stattfonnt.


Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Uelzecht(Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten zesumme mat der Staat Esch an ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée ronderëm de Präsident Alain Günther den Ufank gemaach.


Dono ass et virum Monument am Park Léonie Koullen zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi virun 83 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen. A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Carlo Feiereisen dat ni soll vergiess gi wat geschitt ass an dat een déi Leit éiere sollen déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn. Näischt op dëser Welt ass selbstverständlech, scho guer net de Fridden an d’Gerechtegkeet.