Demissioun vum Albert Kalmes als Conseiller vun der Gemeng Schëffleng

Den Albert Kalmes, Member vun der Partei déi gréng, huet seng Demissioun als Conseiller vun der Gemeng Schëffleng mat Effet op den 1. November agereecht. Zënter 2011 war hien en aktive Member am Gemengerot an huet sech mat vill Engagement fir d’Gemeng an hir Biergerinnen a Bierger agesat.


Mir als Gemeng Schëffleng soen him Merci fir déi vill Joren, an deenen hien sech mat Asaz an Engagement fir d’Allgemengwuel staark gemaach huet. Fir seng Zukunft wënsche mir him alles Guddes.