Motivéiert duerch de gemeinsame Wëllen, e positive Beitrag zum Ëmweltschutz ze leeschten, hunn d’Häre Fries, Bertholet, Daubenfeld, Marozzi a Schütz der Gemeng virgeschloen, en Insektenhotel ze bauen.
D’Gemeng huet dës Initiativ natierlech ënnerstëtzt – zesumme mat der Naturverwaltung – andeems si eng Plaz zur Verfügung gestallt huet (um Wee, deen de Val des Aulnes verlängert) souwéi dat néidegt Material, wouvun e groussen Deel aus zweeter Hand kënnt.
Wéi op de Fotoen ze gesinn ass, ass de Resultat net nëmmen nëtzlech fir d’Natur, mee och ästhetesch. Loosse mer hoffen, datt dës Aktioun aner Bierger dozou inspiréiert, sech och fir d’Ëmwelt anzesetzen.
E grousse Merci un dës engagéiert a kreativ Ekipp.