Fairtrade Label fir Schëffleng

D’Gemeng Schëffleng ass frou matzedeelen, datt hire Label „Fairtrade Gemeng“ fir d’Period 2026–2027 verlängert gouf. Déi éischt Auszeechnung krute mir am Joer 2015. Säitdeem setzt d’Gemeng sech dofir an, de fairen Handel ze promovéieren an encouragéiert jiddereen och matzemaachen.


Mam Kaf vu Fairtrade-Produiten drot Dir zu engem fairen Handelssystem bäi a fërdert e méi gerechten, nohaltegen a verantwortleche Konsum. De Fairtrade-Label garantéiert de Konsument·inn·en, datt all Produkt de Fairtrade-Krittären entsprécht.


Ënnerstëtzt och Dir de fairen Handel – als Institutioun, Händler·in oder Privatpersoun – a loosst eis zesumme weisen, datt mir eng fair Welt fir Produzent·inn·en an Aarbechter·innen aus Afrika, Asien, Latäinamerika an an der Karibik schafe kënnen.


Méi Informatiounen:

Fairtrade SchëfflengFairtrade-ProduitenFairtrade Zertifikat 2026-27