Fotogalerie: Expo Saint Eloi

Vergaangenen Freideg hat Amicale Schëfflenger Kolonien zesummen mam Groupe vum Musée de la Sydérurgie op den Vernissage vun hirer Ausstellung zu Eihren dem hellegen Eloi, Schutzpatroun vun den Metallurgisten an Metallveraarbechtungs Beruffer an der Galerie vum Syndicat d'Initiative op Nr.14 Liberatiounsstrooss zu Schëffleng agelueden.

Nieft engen ronn 400 Fotoen iwwer Groussindustrie an d'Handwierk ass och verschiddenes un Handwierksgeschir souwéi eng Presentatioun vun den Kanner aus dem Zyklus 4
„Nelly Stein- Schoul“ wellecht am vergaangenen Schouljoer mam Léierpersonal den Dammen Lynn Mauruschatt, Veronique Mertz, Nicole Weber an Evelyne Roth zesummegestallt gouf an der Galerie ausgestallt.
Hei kenn dir op Pannoen Biller, Zeechnungen an op kleng Zesummestellungen vun Aarbechtsmappen d'Geschicht iwwert d'Galerien, d'Schmelzen an den Kolonien gesinn.

Heibäi war de But den Kanner déi aus dem Ausland oder aus Nopesch Gemengen op Schëffleng zougezunn sinn d'Liewen vun fréier an den Kolonien, d'Aarbecht an den Minièren woubäi eng Visite op der Cockerill zu Esch an am Musée des Mines zu Rëmeleng um Programm war, souwéi och Entstoung an Fonctionnement vun eisen Schmelzen déi ronderëm Schëffleng sinn méi no ze bréngen an ze verstoen ginn.

Bei der Begréissungsusprooch huet Präsidentin vun der Amicale Mme Eugénie Charlé all Invitéen wei och Vertrieder vum Gemengerot an den Veräiner häerzlech wëllkomm geheescht, en Merci der Gemeng gesot fir hir Ënnerstëtzung souwéi dem Verantwortlechen Léierpersonal fir hiren Bäitrag zu dëser Ausstellung.

Vum Groupe Musée war et den Henri Dondelinger den iwwer Aarbecht op den Schmelzen souwéi vum fréieren Zesummeliewen an den Kolonien geschwat huet.

Präsidentin vum Syndikat Mme Juliette Caputo huet luewend Wieder fir eis Ausstellung ausgesprach an ons groussen Erfolleg an fill Visiteuren fir déi kommend Deeg gewënscht.

Duerno wor et Mme Evelyne Roth vum Léierpersonal déi hirer seits sech gefreet huet iwwer eis Ufro bei dëser Ausstellung matzemaachen.
En groussen Merci ausgesprach fir d'Ënnerstëtzung vun der Amicale wellecht am vergaangenen Joer sech bereet erklärt haten bei den Froen vun den Schüler fir realiséieren vun hirem Projet matzemaachen.
Gären huet si sech nach drun erënnert wéi vill Freed Kanner an och Léierpersonal bei dësem Projet haten.

Am Schlusswuert vum député maire Roland Schreiner huet hien der Amicale Schëfflenger Kolonien, dem Léierpersonal an den Schüler en Luef fir des Ausstellung ausgesprach awer och drun erënnert dat d'Amicale déi ëmmer nach op der Sich no engem festen Ausstellungsraum sinn, vun der Gemeng hirersäits dëst net vergiess ass an si weider dobäi ënnerstëtzt.

Eis Ausstellung ass all Dag op vum
1. Dezember bis den 9. Dezember vun 14.30 bis 18.00 Auer

Nach vill Biller iwwer Groussindustrie an hir Geschicht
op eiser Internet Säit www.schmelzaarbechter.lu

Plus de nouvelles de Deleted User >