10
Galerie d'images
Faites défiler la page vers le bas pour voir plus d'images.
Organiséiert vun der Gemeng Schëffleng, zesumme mat der Seniorekommissioun, war dëse speziellen Nomëtteg a gemittlecher Atmosphär geduecht fir zesummen den Hierscht ze feieren.
Obschonn d’Zilpublikum eis léif Senior·inne·e vu Schëffleng waren, war jidderee wëllkomm fir mat ze feieren. Et war vun allem dobäi: vu Spaghetti mat Bolognesezooss, enger vegetarescher Optioun a Séisses bis hin zu enger musikalescher Begleedung vum DJ Serge. Wärend der Feier konnten eis Gäscht och mol an d’Konschthaus luusse goen an eng flott Ausstellung entdecken.
Genau fir den Ufank vun der Feier huet et opgehal mat Reenen an trotz bedecktem Himmel war d’Begeeschterung grouss, sou datt vill gelaacht a gepotert an dëst Fest zu engem flotten Erliefnes ginn ass.