De 24. Abrëll haten d’Bierger·innen aus de Südgemengen d’Geleeënheet, d’groussherzoglech Koppel am Kader vun der Joyeuse Entrée am Häerz vum Minett ze begréissen.
Souwuel um Belval wéi och zu Esch hunn d’Festivitéiten d’Noperschafte mat enger waarmer an häerzlecher Ambiance opbléie gelooss a Familljen an Awunner·inne vun de Südgemenge ronderëm eng Villfalt un Aktivitéiten a schéine Momenter zesummebruecht.
Fotoen: ©Marc Lazzarini