D’Gemeng Schëffleng huet den 9. Mee op en neits d’Diversitéit a déi verschidde Kulturen op sengem traditionelle Kulturfest gefeiert.
Op engem sonnegen Europadag hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an den Här Yves Marchi, President vun der Kommissioun fir Interkulturellt Zesummeliewen, d’Feierlechkeeten offiziell an der Präsenz vun de Membere vum Gemengerot an der Kommissioun gestart. Ab 11:00 Auer konnten d’Visiteuren op der Fräiheetsplaz an am Schëfflenger Haff eng breet Gamm u Kulturen an Natiounen entdecken. Déi faarweg an artistesch Opféierungen hunn de Publikum begeeschtert an zum danze bruecht. De ganzen Dag iwwer konnten si international kulinaresch Spezialitéite genéissen.
A senger Ried huet eise Buergermeeschter de Martin Luther King zitéiert: „Mir musse léieren zesummen ze liewe wéi Bridder, soss gi mir all als Gecken zesummen ënner.“ D’Schëfflenger Kulturfest steet fir eng multikulturell an oppe Gesellschaft, déi eis Gemeng ausmécht.
Mir wëllen och all Kënschtler·innen, lokal Associatiounen, Gemenge-Mataarbechter·innen a Visiteuren·se häerzlech Merci soen. Dir hutt dozou bäigedroen, datt dësen Europadag e grousse Succès fir jidderee war.
Fotoen: ©Laurent Sturm
Weider Fotoe fannt Dir an eiser Galerie