Wéi all Joer ass déi nei Saison vum Moart op der Fräiheetsplaz am Oktober lancéiert ginn. Och dës Kéier waren d’ACAS an de Lëtzebuerger Maarteverband vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Ouverture invitéiert, genau esou wéi de Syndicat d’Initiative et de Tourisme Schifflange, d’Fairtrade Team Schëffleng an Teranga.
An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Carlo Feiereisen betount, datt d’Schëfflenger Gemeng frou ass, d’Moartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen. De Romain Bertrang, elo an der Pensioun, krut fir all seng Joren am Déngscht vum Schëfflenger Moart Merci gesot a gläichzäiteg gouf de Loïc Duprel, deen dës Funktioun iwwerholl huet, offiziell wëllkomm geheescht.
No der Erëffnung gouf et fir jiddereen e Fairtrade Kaffi a Croissant.