Bei eisem zweeten interkulturelle Kachatelier si Mënsche mat ënnerschiddleche Liewensweeër zesummekomm, fir zesummen ze kachen, sech auszetauschen an sech besser kennen ze léieren. Dobäi ass och dës Kéier kloer ginn, datt Interkulturalitéit och iwwer d’Iessen erlieft ka ginn.
D’Participant·innen hunn sech géigesäiteg op eng kulinaresch Rees matgeholl – vun der Ukrain bis a Bosnien-Herzegowina. Déi preparéiert Platen hu kulturell Traditiounen, perséinlech Geschichten an Erënnerungen un d’Heemecht reflektéiert. Am Mëttelpunkt vum Atelier stoungen d’Begéinung, den Austausch an d’gemeinsam Erliewe vu ville verschiddene Goûten.
Dësen zweeten Atelier, organiséiert vun der Gemeng Schëffleng, gouf mat der Ënnerstëtzung vun der Commission consultative du Vivre-Ensemble Interculturel, der Maison Teranga an dem Fairtrade Team Schëffleng ëmgesat. E grousse Merci geet un all déi Persounen, déi mat hirem Engagement a vill Passioun zum Erfolleg vun dëser Manifestatioun bäigedroen hunn.
De Kachatelier huet gewisen, wéi Diversitéit d’Mënschen zesummebréngt a wéi gemeinsaamt Iesse Verbindungen tëscht de Leit schaaft.