D’Croix-Rouge Sektioun Gemeng Dippech spent 4000 € un d’Epiceries sociales

Viru Kuerzem hat d’Lokalsektioun vum Roude Kräiz aus der Gemeng Dippech op hir Generalversammlung invitéiert.

De President vun der Lokalsektioun, Fernand Bley, huet d’Gäscht begréisst an alle Benevolen ee grousse Merci fir hiert Engagement gesot. An der aktueller schwiereger Zäit liewen ëmmer méi Mënschen an der Prekaritéit an et ass ëmsou méi wichteg hinnen ze hëllefen.

Nom Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin Claudine Reuter-Gilles an dem Keessebericht vum Simone Schleimer, huet d’Marianne Bley-Wantz d’Resultat vum Mois du Don vun 2023 presentéiert. Obwuel kuerz virun der Quête scho ganz vill Donen fir d’Affer vun den Äerdbiewen a Syrien an an der Türkei gespent goufen, huet d’Lokalsektioun aus der Gemeng Dippech wärend dem Mois du Don ee ganz gutt Resultat vu 6275 € erreecht, dëst duerch d’Verdeelen vu personaliséierte Flyeren un all Stot.

Fir hirt laangjäregt onermiddlecht Engagement goufen folgend Dammen geéiert: Helga Grossekathoefer an Patrice Pauly fir 20 Joer Quête, Claudine Bley, Colette Kass an Anouk Schroeder fir 10 Joer Quête an Annette Gantrel, Claudine Seiler, Cynthia Steinfort a Josette Thill fir 5 Joer Quête.

Dank dem ganz erfollegräichen Hierschtfest, konnt d’Lokalsektioun och dëst Joer nees am Kader vun der Generalversammlung een Don vun 4000 € fir d’Epiceries sociales spenden.

Als nächst Aktivitéiten sinn, nieft dem Mois du Don, den 18. Abrëll eng Konferenz iwwert d’Thema “Antibiotiquë richteg gebrauchen, fir eng besser Wierkung" an den 20. Oktober dat traditionnelt Hierschtfest geplangt.

Zum Ofschloss ass d’Madame Nadine Conrardy als Vertrieder vun der Direktioun vum Roude Kräiz nach op d’Aktivitéiten vun den Epiceries sociales agaang an d’Madamm Buergermeeschter an Éierepresidentin Manon Bei-Roller huet der ganz aktiver Sektioun Merci gesot fir hiert Engagement.