Ofschloss-Concert vum 150. Anniversaire vum Schëtter Gesank
Sonndeg 8. Dezember 2013 - 16.30 Auer an der Schëtter Parkierch
“ Immanuel “
e lëtzebuergescht Chrëschtoratorium vum Luc Rollinger
Ensembel “Musicisti del giorno“ ënnert der Leedung vum Putti Fischer
Chouer ënnert der Leedung vum Madeline Boonen a Mimi Fischer
Solistin : Léini Fischer, Sopran
Erzieler : Emmanuel Bock
“ Immanuel “ ass 2002 vum Luc Rollinger, engem jonken lëtzebuerger Komponist, deen 1969 gebuer gouf, geschriwwen gin als eent vu senge meescht gespillte Wierker. Et ass eng musikalesch Manéier d'Chrëschtgeschicht ze erzielen, wéi se an den Evangelië beschriwwen ass - mat enger Musek déi am Styl tëschent moderner Blosmusek a Musical läit. Niewent den Evangelien, déi eleng net esou vill vun der Chrëschtgeschicht erzielen, huet de Komponist nach en etlech aner liturgesch Texter mat derbäigeholl, fir genuch Material ze hunn. En Evangelist erzielt d'Geschicht, an hält esou déi verschidde musikalesch Biller - gesongen oder instrumental - zesummen.
Entrée : 15.- € .
D‘Festschrëft zum 150. Jubiläum vum Schëtter Gesank „ Von Chorsänern, Eisenbahnen und Kirchenglocken“ kann een nach kréien duerch iwwerweisen vun 29,00 EURO + 2,20 EURO fir d’Verschécken op de Kont vum Comité d’organisation „150 Joer Schëtter Gesank“ N° LU42 0090 0000 1549 4511 bei der Raiffeisen-Bank (CCRA) mat dem Vermierk „Festschrift“.
D‘Festschrëft kann een och e Sonndeg um Concert fir 29.- EURO kaafen.
Comité d’organisation « 150 Joer Schëtter Gesank »