Verduebelt Freed virun Chrëschtdag.

Ongeféier 200 Kanner an nach emol 100 Erwuessener hun mat grousser Freed
an Zefriddenheet den 4.November 2015 un eiser Trauliichtfeier um Haff
„a Schmatten“ zu Schëtter deelgeholl. Fir dëst Fest waren vill engagéiert MatarbechterInnen aus der Pargemeinschaft Hueschtert-Nidderaanwe-Schëtter, Sandweiler-Syrdall bereet eng Hand mat unzepaken. Niewent dem Aushielejen vun Rommelen an Bastelen vun Geeschter, Masken a Käerzen woren d’Kanner besonnesch begeeschtert vun de Geschichten a Märercher, déi si op originell Manéier verzielt kritt hun. Iessen an Drenken waren dem speziellen Kader ugepasst an een feierlechen Trauliichtemzug iwwert de Bauerenhaff huet deen gelongenen Owend ofgeschloss. Iwwert dësen frouen Nometteg eraus, kënnen och Weesekanner a Jugendlech am Kamerun sech freeën iwwert den Erléis vun 3.670.-€, deen bestëmmt ass fir de Jugendlechen hir Ausbildung weiderhin ze garantéieren.
Ee GROUSSE MERCI ! de Frëndeskrees Kamerun (www.frendeskreeskamerun)