Saisonstart: Musek Gemeng Dippech begeeschtert zu Sprénkeng

Sprénkeng – D’Musek Gemeng Dippech huet de Weekend mat vill Elan an hir nei Saison gestart. Am Kader vun der „Journée Portes Ouvertes Agri-PV“ um Bio-Haf An Dudel zu Sprénkeng huet d'Musek Gemeng Dippech mat engem frëschen a liewege Concert d’Visiteure begeeschtert.

An der Hal geleeën tëschent de Felder vun der neier Agri-Photovoltaik-Anlag huet d’Musek eng villfälteg Auswiel u Stécker gespillt, wou fir all Goût eppes dobäi war. Vun traditioneller Blosmusek iwwer modern Arrangementer bis hin zu méi lëschtege Melodien – de Repertoire war esou ofwiesslungsräich wéi de Publikum. Besonnesch d’Freed um Spillen an déi positiv Ausstralung vun de Museker hunn dozou bäigedroen, datt de Concert zu engem richtegen Highlight vum Dag ginn ass.

Fir d’Museker selwer war dësen Optrëtt e wichtege Moment: no der Summerpaus zesummen nees op der Bün ze stoen, huet den Ensembel mat vill Begeeschterung ugestachelt. „Et ass ëmmer flott an esou engem besonnesche Kader ze spillen. D’Stëmmung war gutt,“ huet ee Member betount.

Datt d’Musek Gemeng Dippech sech gär och ausserhalb vun de Concertssäll presentéiert, huet si mat dësem Engagement nees bewisen. Sou gouf déi technesch Innovatioun vun der neier Agri-Photovoltaik-Anlag duerch d’musikalesch Innovatioun an d’Kreativitéit vun der Musek op schéin Aart a Weis ergänzt.

De Publikum huet sech net nëmme fir déi nei Energiegewënnung interesséiert, mee och d’Musek mat vill Applaus belount. Fir d’Musek Gemeng Dippech war dëst en optimaalt Ufankssignal fir eng Saison, déi mat Sécherheet nach vill flott Momenter an Optrëtter bereet hält.