Zréck an eng Zäit vu VHS-Kassetten, Tamagotchis, Walkmans an Hits, déi een haut nach direkt matsange kann.
D’Harmonie Klengbetten invitéiert Iech de Samschden 14. November 2026 op e musikaleschen Owend duerch d’90er am Centre culturel Keeseminnen zu Stengefort.
Am éischten Deel gëtt et grouss Filmmusek an emblematesch Wierker aus den 90er – ënner anerem Titanic a Conquest of Paradise.
Am zweeten Deel gëtt et méi haart, méi poppeg a virun allem méi 90s: vu Robbie Williams, Metallica an Die Ärzte bis bei d’Spice Girls an dat, wat een haut ganz léif „Trash Pop“ nennt. Donieft sti dräi speziell Arrangementer vum Georges Sadeler um Programm – dorënner Zombie vun The Cranberries.
Gesank: Debbie Marinkovic & Philippe Köller
Direktioun: Robert Köller
Support an After Party mam DJ Djails bis 01:00 Auer
Plaz: Centre culturel Keeseminnen – Stengefort
Ufank: 20:00 Auer
Ticketpräis: 15 €; Studenten: 10 €; Kanner bis 12 Joer: gratis.
Mir freeën eis Iech dee flotte Programm virzestellen!
Org.: Harmonie Klengbetten asbl