Scheckiwwerreechung Musik Nojem

D'Musik vun Nojem hat eis op hir lescht Prouf fir d'Saison invitéiert. Op engem sympatheschem Grillowend hunn si eis den Erléis aus der Sammelkëscht beim Chrëschtconcert vun der Schülerband sou wei och den Entrée vun den 2 Gala Concert Owender iwwerreecht.

E grousse Merci un déi dynamesch Musikanten an Nowuesmusikanten fir hiren Asaz.