Scheckiwwerreechung vun BAVI

BAVI (Bons amis du vendredi) ass e Club mat engagéierte Männer déi sech reegelméisseg Freides treffen an zesummen e puer gemittlech Stonne verbréngen. Si hunn eis op de Mäertchen invitéiert fir eis den Erléis aus hirem leschten Event ze iwwerreechen. Hiren charity dinner war e groussen Erfolleg an si hunn alleguerte fläisseg matgehollef an sou di stolz Zomm vu 14.000€ zesumme kritt. De Betrag ass och duerfir geduecht fir eng speziell Liege an engem Altersheim ze co-finanzéieren.

E grousse Merci un déi dynamesch Ekipp dat si och dëst Joer erëm un eis geduecht hunn.

Fondation Wonschstär

www.wonschstaer.lu