Rapport annuel 2024

„S’aimer les uns, les autres, s’aimer tous.“, Raoul Follereau


D’Fondation Follereau Lëtzebuerg freet sech, iech hiren neie Joresrapport virzestellen, deen d’Aktivitéiten aus dem Joer 2024 präsentéiert. Och 2024 huet d’Fondation Follereau hiert Engagement duerch Projeten am Beräich Gesondheet, Schutz, Bildung an Nouthëllef weidergefouert, an dozou bäigedroen, d’Liewensqualitéit vu vulnerabele Populatiounen an Afrika ze verbesseren.


Zesumme mat néng lokale Partnerorganisatiounen, déi eng entscheedend Roll bei der Ëmsetzung an der Nohaltegkeet vun de Projete spillen, konnt d’Fondatioun an aacht afrikanesche Länner konkret Projete realiséieren an esou d’Liewe vun iwwer 350.000 Beneficiairë positiv beaflossen.


E grousse Merci un eis Donateuren a Benevollen, wéi och den Entreprisen, deenen hir kontinuéierlech Ënnerstëtzung eis all Joer erëm erlaabt, den Zougang zu Gesondheet a Bildung ze stäerken a Fraen a Kanner ze schützen, déi schwéiere Verstéiss géint hir Grondrechter ausgesat sinn.


All Detailer a Resultater aus dem Joer 2024 fannt Dir am neie Joresrapport.


De Rapport ass online verfügbar op www.ffl.lu

Wann Dir gär eng gedréckte Versioun hätt, da kontaktéiert eis einfach op presse@ffl.lu oder rufft eis un um 44 66 06 1.