Frae vu Sir- Erléis vum " Hierkenowend" weidergin.


Sir: Viru kurzem hun d’Frae vu Sir sech vun hierer bëschter Säit gewissen. Am Kader vun enger klenger Feierstonn am Festsall vu Sir hun di eifrig Fraen aus der Uertschaft nämlich e Scheck, nieft enger weiderer Spend, dat den Erléis vun hirem Hierkenowend am Oktober 2019 duerstellt, weidergin. Agangs huet sech d’Presidentin Jeanny Reisen bei alle Memberen a Comitésläit fir hirt freiwëllegt Engagement, haerzlech bedankt. Pandemie Bedingt konnt bis auf Weiteres keng Veranstaltung organiséiert gin, mat der Hoffnung dat an Zukunft och nach besser Zäiten fir all Laït nach komme waerten. Mat engem ofrichtige Merci konnte de Matthieu De Dood e Scheck iwert 2 000 Euro entgéint huelen, den der Vereenegung „Wonschkutsch“ zugut komme waert . A kurze Wieder huet hien d’Vereenegung virgestallt déi zënter ronn véier Joer besteht mat dem Ziel Mënschen déi an enger palliativer Situatioun sin, an ënnert enger schwéierer an onheelbarer Krankeheet leiden, e läschte Wonsch ze erfëllen. Si organiséirern den Transport je no Gesondheetszoustand mat denen passenden Mëttelen un, déi och vu ausgebildeten Fräiwëllegen betreit gin. Och de Paschtouer Marco Wehles huet Merci gesoot fir di generéiss Spend, wou e Käerzestänner fir Votivkäerzen, engt neit Messgewand mat enger Stola konnten ugeschaaft gin. Am Numm vun der Gemeng Bauschelt huet d’Félicie Reuter de Fraen vu Sir fir d‘Initativ an hirt Engagement hire Luew a Respekt, ausgesprach. (CR)(Foto: Charles Reiser)