Klassentreffen vun de Sirer

Sou wéi et schon zënter laange Joeren Traditioun ass, hun déi fréier Schüler aus der Sirer Primärschoul vum Joergank 1942-1951 sech fir en neits bei engem gudden Iessen am Restaurant « Beim Sheila » zu Harel a Freed a gudder Laun getraff. Wéi den Albert Richard -den zesumme mam Marthe Meyers-Kass dëst Treffen op d’Been gestallt hat - a senger Usprooch virun den 11 fréiere Klassekomeroden a Komerodinen ervirgehuewen huet, sinn der schon 16 vun dee ronn 40 deemolege Komeroden a Komerodinen leider net méi an eiser Mëtt an an enger Minutt Stëll ass un si geduecht ginn. Eppes wat dem Treffen eng sécher «  Plusvalue «  ginn huet war den Ëmstand dass ee vun den deemolege Schoulmeeschteren, den Här Robert Jungblut , och an Toppform derbäi konnt sinn a vun Zäite konnt verzielen déi déi méi jonk wéi 70 net konnte kennen. Den häerzlechen Awuer vun hinnen alleguer wéi hire Schoulmeeschter sech op den Heemwee gemach huet, huet besser wéi alles seng Beléiftheet iwwer all déi Joeren däitlech gemach. En nächst Treffen ass fir dat anert Joer festgehal ginn.