Buch a Kuch Virliesstonnen man Potty Lotty

22
sept.
2019
22 sept. 27 oct. 17 nov. 08 déc.

Fir Kanner vun 3-6 Joer. All Kéier

gëtt eng aner Geschicht virgelies.

Komm a klamm mam Potty Lotty mat eran an d’Welt vun de Geschichten! Mat alle Sënner versetze mir eis an aner Zäiten, aner Länner a begéine fantasievolle Kreaturen. An enger ganz gemittlecher Atmosphär, zesumme mat dengen Elteren, erliefs du hei spannend nei Abenteuer. A well esou eng Fantasierees vill Energie kascht (an d’Potty Lotty an enger Spënnchen op d’Welt komm ass, an immens gäre schneekt) gëtt et natierlech och e Stéck Kuch.

Fir Kanner an all déi di d’Welt vun de Geschichte gären hunn.



22. September
Bobby, sief brav!”
vum Angela McAllister an Tim Archbold

Donneschdes, wann seng Elteren eraus danze ginn, ass de Bobby ëmmer brav. Bis op eemol d’Lily Hopster-Boule, eng nei Babysitterin op- taucht. Dat gëtt een Owend wéi keen aneren!


27. Oktober
„Bal Alles” vum Sophy Henn

Et ass net ëmmer einfach eppes Neies ze léieren. Dem Goerges geet et och alt esou wéi dir.

Hien probéiert et mol mat engem Zauberhutt.


17. November
„De Groussen AAA-OOO!” vum Jonny Lambert

Dëst Buch muss ee ganz virsiichteg opmaachen, wëll do ass eppes dra wat e fuerchtbare Kaméidi mécht! Kommt mat an de Bësch op d’Sich nom Schellëgen mat der Maus an der Eil.


8. Dezember
„De Schnéimännchen” vum Raymond Briggs

Hues du dech scho gefrot wat d’Schnéimänner- cher Nuets maachen? Da komm mat a loos dech vun dëser wonnerbarer Geschicht a senger Musek verzauberen. Mir begéinen och engem wichtege Mann.


10h00-10h45

Sall Cabaret 3,5 € / Kand5 € / Erwuessenen


Info & Inscription

manukultura@useldeng.lu

T 23 63 00 51 29

13h-17h

Umeldung noutwendeg! Inscription obligatoire!