Virtrag iwwert de Blues: Muddy Waters

21
nov.
2019
21 nov.

Muddy Waters, mat richtegem Numm McKinley Morganfield, war, ouni Zweiwel, eng Schlëssel- figur an der Geschicht vum Chicago-Blues. Hien huet, nom 2. Weltkrich, wärend 40 Joer dem Blues säi Stempel opgesat. Wéi vill aner Museker, déi sech an der Windy City néiergelooss hunn, koum hien aus dem Mississippi an huet fir de Label Chess zeg reegelrecht Hit-Singlen er- virbruecht. Säin Titel „Rolling Stone“, eng Adaptatioun vum Delta-Klassiker „Catfish Blues“ huet der wuel weltbekanntster Rockband de Numm verschaaft. Säin Orchester, The Muddy Waters Band, war e Sprangbriet fir spéider Gréissten aus dem Blues. D’Harspiller Big Walter Horton, Junior Wells, James Cotton oder Carey Bell hunn all beim Muddy Waters ugefaang. D’Gittaristen Jimmy Rogers, Luther Johnson oder och Buddy Guy an Bob Margolin waren beim Meeschter an der Léier. Dat Selwecht zielt fir eng ganz Rei Pianisten, Batteuren a Bassisten!

Den elektrifizéierten Chicago-Blues verdankt dem Muddy Waters alles. Hie war souwuel e knall- haarde Geschäftsmann wéi och en angenehme Mënsch am Ëmgang mat senge Museker. Hien hannerléisst, no sengem Doud, am Abrëll 1983, eng Onmass Kultstécker, déi ëmmer nach gecovert ginn, denke mir nëmmen un „Mannish boy“, „Rollin‘ and tumblin“ oder „I got my mojo working“.


19h30-21h00

Sall Cabaret

8€


Info

monniben@pt.lu