Virtrag iwwert de Blues: Texas blues

10
oct.
2019
10 oct.

Och wann et heiansdo schwéier schéngt genee ze definéieren wat Texas Blues ass, muss ee feststellen, dass eng ganz Rëtsch amerikanesch Gittaristen, Sänger an Harpspiller aus dësem Bundesstaat Klassiker vum Blues agespillt hunn. Déi éischt, déi op sech opmierksam gemeet hunn, waren de Sänger Blind Lemon Jefferson, sou wéi d’Gittaristen T-Bone Walker a Lightnin‘ Hopkins. Duerno huet den Texas eng Well vun Ausnahme- gitarristen erliewt, déi weltwäit Unerkennung zougesprach kritt hunn: Pee Wee Crayton, Albert Collins oder och Freddie King. Si selwer haten groussen Afloss op déi Leit, déi richteg bekannt goufen, an haut nach Referenze bleiwen fir

all Bluesmuseker: Johnny Winter, Stevie Ray Vaughan, Anson Funderburgh, Mike Morgan, Smokin‘ Joe Kubek....

Austin, mat sengem renomméierte Club Antone‘s, war jorelaang den Zentrum vun enger ganz aktiver Blues-Scène, wou zum Beispill déi wuel beschte Roadhouse-Blues Formatioun ever hierkënnt:

The Fabulous Thunderbirds. Och net ze vergiessen, déi Band, déi bei all Diskographie ganz hannen opdaucht, an déi net nëmmen mat markante Bäert, mee och duerch en explosiven Boogie-Blues Geschicht geschriwwen huet: ZZ TOP.


19h30-21h00

Sall Cabaret

8€


Info

monniben@pt.lu