27. Konveniat vun dene fréieren Ackerbauschüler Promotioun 1956 bis 1958


Useldeng: Et ass nees un der Zäit ! No engem schéine Konveniat 2024, wëlle mir daat och dest Joer nees gemittlich ugouen. Mir treffen eis mat eisen Damen. Sou stong op der Invitatioun vun den Organisatoren Hengel Henri, Kass Willi, Leyder Jos, Reding Mil, Weyland Edmond an Weyrich Jemp déi hir fréier Schoulkomeroden aus der Ackerbauschoul, Promotioun 1956 bis 1958 zu dem desjährigen a 27. Klassentreffen fir Donneschdes, den 20. November, häerzlich agelueden haten. Nom Apéritif am Hôtel- Brasserie „Péitche Lauer “ zu Useldeng huet sech di symphatisch Gesellschaft no der Entrée, den gut gefëllten Teller mam Haaptplat och ganz gut schmaache gelooss. Natirlich huet de Café- Dessert bei deser Geleeënheet och nit gefeelt. Bei flottem Zesummesin a gudder Gesellschaft konnte vill Erënnerungen aus der gemeinsamer Schoulzäit awer och aus dem aktiven an aus dem passiven Berufsliewen nees opgefrëscht gin. Beim Abschied war Eenegkeet sech am kommende Joer onbedingt erëm ze gesin. (CR) (Foto: Charles Reiser)