Concert Swingin'Castle 2023 matt der Northern Big Band an Maxime Bender

D'Northern Big Band hat d'Freed an d'Éier op hirer 5. Editioun vum Concert "Swingin' Castle" de Maxime Bender begleeden ze däerfen. Am éischten Deel vum Concert, dee wéi gewinnt am Centre Culturel "Op Trëmel" zu Useldeng ofgehale gouf, huet de Maxime Bender um Saxophon Sopran mat senger Kompositioun "Solstice" seng Visittekaart ofginn an de Publikum direkt mat sengem schéine Sound a sengem Improvisatiounstalent impressionéiert. D'Big Band ënnert der Leedung vum Théo Pessers huet mat Klassiker aus den 30eger bis 90eger Joren de musikalesche Kader vum Owend gesat. Am zweeten Deel goung et weider mat "Georgia on My Mind" an engem Uptempo Swing, wou dës Kéier de Solist um Saxophon Tenor brilléiert huet. Feste Bestanddeel vun der Band ass déi talentéiert Sängerin Christine Heitz, wat säi Publikum och dëst Joer erëm mat Klassiker, wéi "All of me", "La vie en Rose", "It's oh so quiet", oder och "The Song is ended" total begeeschtert huet. No enger Rei vu weidere Solisten aus den eegene Reien hunn d'Christine an de Maxime zum Ofschloss vum Concert eng Interpretatioun vum "A Song for You" higeluecht, déi engem d'Héngerhaut ausgoe gelooss huet. Dat gouf vum Publikum dann och gläich mat zwou Zugabe belount, déi och dankend vun der Band an de Solisten zum Beschte gi goufen.Et war nees en aussergewéinlechen a flotten Owend, bei deem de Club des Jeunes vun Useldeng erëm fir Iessen an Drénke gesuergt huet. Déi 6. Editioun vum "Swingin' Castle ass den 9. November 2024.