Label "Sou Schmaacht Lëtzebuerg" fir d'Walfer Schoulkichen

Den 11. Mäerz 2016 krut Sodexo op Initiative vun der Gemeng Walfer am Kader vum Klimapakt den Label SSL (Sou schmaacht Lëtzebuerg) iwwerreecht.
An de Walfer Schoulkiche gëtt schonn ab Hierscht 2015 mat regionalen, saisonalen, Bio a Fairtrade Produiten geschafft. Fir d’Gemeng war et ëmmer wichteg d’Qualitéit vun den Molzechten ze garantéieren, wie dunn d’Demande gemaach ginn ass, ass et och zimlech schnell gaangen, am Januar 2016 krut Sodexo schonn den Accord vun der Chambre de l’Agriculture. De Label ass vun der Madame Ghislaine Soisson, Représentante vun der Chambre de l’Agriculture iwwerreecht gin, d’Buergermeeschtesch Joëlle Elvinger huet jidderengem Merci gesot deen an deen Projet involvéiert ass, an am Numm vun der Sodexo huet d’Madame Gaelle Rouby de Label entgéintgeholl.
De sympatheschen Nomëtteg ass vun enger Danzopfeierung vun den Kanner aus der Maison Relais begleet ginn.