Scheckiwwerreechung

Generalversammlung vun der Lux-Confrérie des Grands Vins de Bourgogne.

Weiler-la-Tour. Am Kader vu senger uerdentlecher Generalversammlung am Centre de rencontre "Stiffchen" zu Hassel, huet de Präsident a Präsenz vu Vertrieder vun der Gemeng an der ALAEC, a senger Usproch virun allem op dat 20-järegt Bestoe vun der Lux-Confrérie des Grands Vins de Bourgogne higewisen an ee klenge Réckbléck op di verschidden Aktivitéiten an dëse 20 Jore gemaach.


Duerno guef d’Finanzlag presentéiert, an ee Réckbléck vun den Aktivitéiten aus dem vergaangene Joer gemaach.


Niewent deem konnt d’Lux-Confrérie des Grands Vins de Bourgogne e Scheck vun 815 € un "Associatioun Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg" (ALAEC) iwwerreechen, an dëst schonn am 2. Joer. Dëse Betrag ass d‘Resultat vum Erléis vun der Participatioun um Food Truck Festival an um Chrëschtmaart am lëschte Joer zu Weiler-la-Tour.


D’Madame Dany LENTZ-POLFER vun der ALAEC huet sech fir dee schéine Gest bedankt an ee klengen Abléck op hir Aktivitéite ginn.


An der gutt besichter Versammlung, hunn d’Vertrieder vun der Gemeng och ënnerstëtzend Wieder fonnt an der ALAEC d’Méiglechkeet ugebueden, de Sall "Stiffchen" fir eventuell Versammlungen ze benotzen.


No dem offiziellen Deel vun der Generalversammlung huet Confrerie dat eent oder anert Glas Wäin aus der Bourgogne bei engem passende Kéisplateau zerwéiert.