Famillje-Conveniat vereenegt Nokommen iwwer Generatiounen

Op Initiativ vum Delphine Richartz, Hélène Wintringer a Marcel Laplume hunn sech d´Nokomme vum Catherine a J.P. Collignon-Spaus de 29. Juni getraff. Knapp 50 Leit haten sech afonnt fir zesummen Erënnerungen auszetauschen a Neiegkeeten ze deelen. E bësse speziell war, dass vill Familljememberen sech hei eréischt kennegeléiert hunn, dëst well hier gemeinsam Wuerzelen sech iwwer 150 Joer an d´Vergaangenheet zeréckverfollege loossen.

Bis am spéiden Nomëtte gouf am Restaurant Massen op der Wemperhardt zesumme giess a gelaacht, et goufe nei Bekanntschafte geschloss an aler opgefrëscht.

Plus de nouvelles de Blanche Laplume >