Esou klengt Wooltz – e festleche musikalesche Schlussakkord

11
juil.
11 juil.

Am Kader vum Weeltzer Festival invitéiert d’Weeltzer Harmonie Grand-Ducale Municipale den 11. Juli op en aussergewéinleche musikaleschen Owend um Festivalsplaatz: „Esou klengt Wooltz – Finall“, e Concert, deen net nëmmen duerch säi breetgefächert Programm iwwerzeegt, mee och e symboleschen Ofschloss markéiert – d’Enn vum Dirigent Tom Braquet senger 20-järeger Amtszäit, déi d’lokaalt Kultur- a Museksliewe staark gepräägt huet.


Op der Bün stinn nieft der Musik och dräi aussergewéinlech Solisten, déi fir musikalesch Exzellenz a Passioun stinn: Véronique Kinnen, Ernie Hammes a Serge Tonnar. D’Publikum dierf sech op eng musikalesch Rees duerch verschidde Stilrichtunge freeën: vu Jazz bis Folksong, vu klassesch Blosmusek bis Polka. Dëse Mix versprécht en Owend voller Emotiounen, Nostalgie an Energie, wou d’Musek am Mëttelpunkt steet an d’Stëmmung vum éischte bis zum leschte Moment droe wäert. D’Entrée ass gratis, mee eng Reservatioun ass recommandéiert, fir dësen eenzegaartegen Owend net ze verpassen.