“IPHI” – e Jugendmusical am Wëltzer Lycée du Nord

Woltz - Mir waren de leschte Weekend de Musical "IPHI" vu Schüler aus dem Wëltzer Lycée an Zesummenarbecht mam Wëltzer Jugendhaus kucken, bei dem och Proffen hun därfe matmachen. E Musical, deen ausschliesslech vu Jugendlecher konzipéiert, ausgeschafft a gespillt gouf. Inhalt: Eng sophistikéiert elektronisch Maschin, e groussen, groussen Computer, vun Erfinder a Wëssenschaftler gebaut, geréit außer Kontroll, iwerhëllt d'Muecht iwert helleflos Menschen an terroriséiert sie regelrecht... Natirlech fannen déi Jonk, déi mat hirem Orchester a mat verschiddenen Danzgruppen, baal schwarz, bal weiss an farwegfeiereg gekleet, optriéden, an dann wéi vun der Maschin, "IPHI", gefesselt, eng Léisung. D'Wëssenschaftler, déi den Apparat zum Woul vun de Menschen gebaut haten, sin regelrecht iwerfourdert, ergreifen d'Flucht, gin vun den Dänzer iwerwältegt. D’Police kann och neischt ausrichten. D'Léisung kennt vun de Jugendlechen: D'Maschin un eng Guitarre uschléissen an sie deemno mat Musek iwerwältigen. Sou kréien sie d’”IPHI”-Monster gebändegt, kurz beviir d’Maschin d’Muecht iwert d’Menschen definitiv iwerholl hätt. Elo kennen d'Dänzer frei an a ganz farwigen Kostümer an ouni Masken op der Bühn agéieren. Mat Goodbye Lyrics “Catch Me if you can” – soen sie dem Publikum äddi a merci.
Computergesteiert Videoprojektiounen sourgen fir de passenden ‘Touch’. Regie, musikalisch Begleedung mat eegene Kompositiounen, Bühnegestaltung an Kostümer sie perfekt.
Eng Meeschterleeschtung vun zwee LN-Schüler, de Philippe Ferber an den Ayyoun Benkhaddou, déi eng Idee haten an emgesaat hun, mat Hellef vu ronn 50 freiwelligen Matschüler, Proffen a Sponsoren a natirlech der Mathellef vum Jugendhaus Wooltz an der Ennerstëtzung vun der LN- Direktioun. Sie haten esouguer e ‘catering’ mat Gedrenks an Iéssen ageriicht.
3 Viirstellungen komplett ausverkaaft mat iwwert 1000 Visiteuren hun den Spektakel besicht.

Text a Fotoen: Jos Scheeck