E Sonndeg de Mëtteg ass de Geeschtlechen Alain Steffen am Kader vun enger feierlecher Houmass an der Parkierch zu Wormer als Paschtouer fir de Parverband Wormer vum Regionaldeche Fränz Muller installéiert ginn.
"Duerch d'Ernennung vum 8. August 2010 ass d'Charge als Paschtouer vun de Pore Wormer, Einen a Gouschteng mat de Filiale Beyren, Ohn a Wormerberreg, dem Abbé Alain Steffen uvertraut ginn. Hien ass doriwwer eraus mat der Charge vun der Aumônerie vun der Fondation François/Elisabeth an der Klinik um Kierchbierg betraut ginn. Ech invitéieren hien, ervir ze trieden, fir a säin Dingscht agefouert ze ginn," sot den Dechen am Ufank vun där schéiner Mass, an déi ganz vill Leit komm waren.
Den Alain Steffen huet duerno seng Bereetschaft, fir d'Chargen unzehuelen, mat dëse Wierder erklärt: "Mat der Hëllef vum Härgott a mat der Ënnerstëtzung vun deene Fraen a Männer, déi an dëse Poren täteg sinn, huelen ech déi Missioun un."
D'Theme vun der Missioun vum Geeschtlechen an enger Par, bzw. an engem Parverband, a vun der Ënnerstëtzung vun dësem Geeschtlechen duerch engagéiert Mataarbechterinnen a Mataarbechter, hu sech wéi e roude Fuedem, net nëmmen duerch d'Festpriedegt vum Fränz Muller, mä och duerch d'ganz Mass gezunn.
Um Enn vun der Mass, déi vun de Choralen aus dem Parverband op eng magistral Manéier gesanglech a musikalesch gestallt gouf, huet den Alain Steffen aus den Hänn vun de Kiercherotspräsidenten aus deene verschiddene Paren symbolesch d'Schlëssele vun de Kierchen entgéint geholl.
Vill, ganz vill, huet am Laf vun där schéiner Massfeier an och duerno bei der Réceptioun am Centre culturel zu Wormer drop higedeit, datt deem "sympatheschen an onkomplizéierte Geeschtlechen" all Diren opgemaach ginn an de Paren, déi him ënnerstinn, an datt hien op d'Mathëllef vu ville Fräiwëllegen ziele kann.
Fotoen: Monique Hermes (2), Serge Waldbillig (9)