50 Joer säit dem Premièresexamen

Knapps waren et jonk Kärelen, schonn si 50 Joer laanscht. Den 12. Juli 1975 stoungen d’Examensresultater am Wort. Vun 20 Kandidaten haten der 19 hir Première gepackt. „Déi vun der B“, goufen se am Stater Kolléisch genannt wann se erëm extra opgefall sinn. Et war d’B classique, wat deemools bedeit huet, datt et déi waren, déi och Latäin geléiert hunn. Elo hat de „Baartelmy“ de Konveniat fir di 50 Joer organiséiert. Wéi kënnt et anescht sinn, den Treffpunkt war an der Alma Mater, wou den haitegen Direkter vum Athénée, den Här Claude Heiser, di ganz Equipe empfaangen huet. Beim Tour duerch dat frësch renovéiert Gebai si sou munnech Souveniren ausgetosch ginn. Den allgemengen Tenor war esou positiv, datt sech der en etlech esou geäussert hunn, datt wann se haut nach eng Kéier virum Choix stéingen, da géifen se gär nach eng Kéier an de Kolléisch goen. Eng weider Première war dunn, datt et an der Schoul Schampes ginn ass, offréiert vum Här Heiser. Dat gemeinsaamt Owendiesse war duerno eng gutt Geleeënheet fir dee flotten Dag mat Geschnëss auskléngen ze loossen. Well et fir deen nächste ronne Jubiläum wuel e bësse knapp gëtt, ass einfach dat nächst Treffe fir an engem Joer schonn ausgemaach.